Fir d’éischt an d’Crèche ze goen ass fir e Kand  grad sou wéi fir seng Elteren ëmmer mat ganz ënnerschiddleche Gefiller, Onsécherheeten an Ängschte verbonnen. Dofir begleeden an ënnerstëtze mir d’Kand  an seng Eltere ganz besonnesch an dëser Zäit an hunn Opnamprozeduren entwéckelt déi eng gréisst méiglech Sécherheet vermëttelen.

 

Pré-Inscriptioun

 

Eng Préinscriptioun kann un Hand vun eisem Virumeldungsformulaire gemaach ginn, dëse kann eis per Post oder per Mail geschéckt ginn. Dëst ass kéng definitiv Umeldung, also kéng Garantie op eng Platz an enger vun eise Strukturen a keen Engagement, weder fir d’Elteren nach fir den SEA. Vum Datum un wou mir den ausgefëllte Formulaire kritt hunn, figuréiert äert Kand op eiser Waardelëscht. Réischt wa mir definitiv eng Platz fräi hunn, kontaktéiere mir iech a confirméieren d'Platz dann och schrëftlech.

Bis dohinner soll dir eis reegelméisseg äert weidert Interessi per Mail oder Telefon confirméieren, fir dass ärer Demande weider Rechnung gedroe gëtt a mir eis Waardelëscht ëmmer aktuell hale kënnen.

 

 

Inscriptioun

 

Bei der definitiver Aschreiwung gëtt e Kontrakt tëschent den Elteren an dem SEA ënnerschriwwen. D’Eltere kënnen hir Kanner tëschent 3 hallwen a 5 ganzen Deeg, zu festgeluechten Zäitfënsteren aschreiwen, et ass eis ganz wichteg mat all Famill optimal Betreiungszäiten auszeschaffen. D’Aschreiwungszäite sinn d’Basis fir d’Facturatioun. Kranken-Deeg a fräi Deeg ginn zu bestëmmte Konditiounen net fracturéiert, dat sinn

          • Congésdeeg déi ee Mount am Viraus schrëftlech ugefrot sinn.
          • Krankendeeg déi spéitstens den Dag selwer moies virun 9 Auer annoncéiert ginn. Vum drëtten Dag un ass e "certificat médical" obligatoresch.
          • Bei aneren Absencen-Deeg déi spéitstens den Dag selwer moies virun 9 Auer annoncéiert ginn, gëtt d'Iessen net facturéiert.
          •  

Bei der Aschreiwung ginn d’Kanner aus dem Réidener Kanton prioritär behandelt. Donieft ginn et nach eng Rei aner Prioritéitsreeglen:

          • Beruffstäteg elengerzéiend Elteren.
          • Famillen an deenen déi zwee Eltere schaffen.
          • Benodeelegt Famillen oder Famillen mat besonnesche Besoinen.
          • Geschwësterkanner.