Foyer de Jour A Butzen Ell

 

 

 

 

 

A Butzen Ell kann 16 Kanner, op zwee Gruppe verdeelt, ophuelen. 6 Kanner  am Bëbeesgrupp vun 0-2 Joer an 10 Kanner am Grupp „ Jardin d’enfants“ vun 2-4 Joer.

Eist Haus läit an enger roueger Säitestrooss, direkt am Duerfkär nieft dem  Gemengekomplex mat der Zentralschoul, der Maison Relais, der Sportshal, der Gemeng an dem Gemengenatelier. D’Duerf Ell ass ëmgi vu Felder a Wisen, dës Ëmgéigend ass immens flott fir d’Wuelbefanne vun eise Butzen a bitt hinnen en idealen Kontakt zu der Natur.

D’Raimlechkeeten si frëndlech an hell a speziell op d’Bedierfnesser vun eise Butzen zougeschnidden, fir dass si Spaass hunn an sech an enger aluedener Ëmgéigend entfalen an entwéckele kënnen.

Hannert der Crèche ass e schéine private Gaart, an dem d’Kanner sécher spillen a flott Momenter am Fräien erliewe kënnen.