Foyer de Jour A Butzen Räichel

 

 

 

 

 

A Butzen Räichel kann 38 Kanner, op zwee Gruppe verdeelt, ophuelen. 18 Kanner am Bëbeesgrupp vun 0-2 Joer an 20 Kanner am Grupp „ Jardin d’enfants“ vun 2-4 Joer.

Zu Räichel ëmgi vu Wisen a Felder, awer och direkt un der N12, enger vun den Haaptverkéiersachsen am Réidener Kanton, läit eis Crèche net nëmme ländlech idyllesch mee och Zentral am Réidener Kanton.

D‘Räimlechkeeten si geraimeg, frëndlech an hell an ideal fir d’Wuelbefannen an d’Entwécklung vun eise Butzen. Jee no Aktivitéite stinn all Grupp verschidde Raim zur Verfügung, an deenen all Kand  sech an enger behitter awer och fuerdernder Atmosphär, sengem eegenen Tempo no,  entwéckele kann.

Ronderëm d‘Crèche ass e schéine, grousse private Gaart mat enger flotter Spillplaz a villen Ecke fir ze Erfuerschen an ze Entdecken.