Agewinnung bei ,,A Butzen“

 

Eis ass et ganz wichteg vun Ufank un eng gutt, éierlech a stabil Bezéiung zu de Kanner an den Elteren opzebauen. Dofir plange mir schonn éier d’Kand vir d’éischt bei eis kënnt eng Rei vu Gespréicher mat den Eltere fir administrativ Froen ze klären an eist Personal, eis Strukturen an eist Konzept virzestellen. Gläichzäiteg kënne mir eis mam Kand, senge Gewunnechten, senger Entwécklung, senge Fäegkeeten, sengen Interessien a Besoine vertraut maachen.

Mat der schrëftlecher Confirmatioun vun der Platz kréien d’Elteren och eist internt Reglement an e Bréif den aus der Siicht vum Kand d’Agewinnung an der Crèche beschreift.

D‘Agewinnung vun engem Kand ass eng grouss Erausfuerderung vir d’Kand, fir d’Elteren an och fir  d’Erzéierinnen. Dacks ass et déi éischt länger Trennung déi d’Kand vu sengen Elteren erlieft souwéi d’Eltere vun hirem Kand. Den Iwwergang vum Elterenhaus an d’Crèche bedeit dofir fir déi zwou Säite fir d’éischt mol Stress an eng emotional Belaaschtung. D’Kand muss léieren sech an enger neier, friemer Ëmgéingend zurechtzefannen a weider Vertrauenspersounen unz‘erkennen, nieft der Freed Neies ze entdecken, léist dat awer dacks och Trennungsschmäerz an Angscht aus. Och bei Eltere verursaacht dëse Schrëtt Ängscht a Veronsécherungen. Eis läit ganz vill drun, dës ze erkennen an ze respektéieren a mat Feingefill an Empathie dorobber ze reagéieren.

Eis ass et wichteg, dass d'Kand an d'Elteren sech vun Ufank un bei eis wuelfillen. D'Grondviraussetzung fir eng gutt pedagogesch Aarbecht ass fir d'Schafe vun enger Vertrauensbasis tëschent  eis, dem Kand a sengen Elteren, dëst vermëttelt Sécherheet.

D‘Agewinnung dauert an der Reegel 2 Wochen, an deenen d’Elteren sech mussen déi néideg Zäit huele fir d’Agewinnung vun hirem Kand ze begleeden. D’Kand gëtt den Tempo an de Rhythmus fir, mir beobachten d'Kand an dëser Zäit genau a passen d‘Dauer vun der Agewinnung un seng Besoinen un. D'Zäit vun der Trennung gëtt individuell gesteigert oder et gëtt erëm op d'Presenz vun den Elteren zeréckgegraff wann d’Kand dee Besoin huet. Dës Balance erfuerdert ganz vill pedagogescht Geschéck a vill Feingefill vun eisen Erzéierinnen. D’Agewinnung ass réischt dann ofgeschloss, wann d’Kand eng erkennbar Bezéiung zu den Erzéierinnen opgebaut huet a si als „sécher Basis“ akzeptéiert huet.

Wärend der Agewinnung gëtt d'Basis fir d‘Zesummenaarbecht tëschent den Elteren an dem Erzéierteam geluecht.

 

  Cartoon by Renate Alf