D'GESCHICHTEN AN DE KAMISHIBAI: 

Souwéi  Sangen gehéiert och d'Erziele vu Geschichten zu eiser alldeeglecher Kannerkonferenz.  D’ Geschichte ginn no Themen ausgewielt, wat eis awer net dovun ofhält de Wënsch vun de Kanner nozekommen an hinnen hir momentan Lieblingsgeschichten ze erzielen oder mol Geschichten déi si vun Doheem matbréngen. D'Kanner ginn opgefuerdert sech aktiv un der Geschicht ze bedeelegen andeems si Beweegunge matmaachen oder op Froen äntweren déi mir hinne stellen.

De Kamishibai ass een drobaren Erzieltheater deen ursprénglech aus Japan staamt, a bei eis reegelméisseg zum Asaz kënnt. D‘ Kanner kennen och hir eege Geschicht molen a mat Hëllef vum Kamishibai erzielen.

D'KREATIVITÉIT: 

De ganzen Dag iwwer steet de Kanner verschiddent Material wéi z.B. ënnerschiddlech Pabeierzorten, Faarwen, Stickeren, Naturmaterialien, …  fräi zur Verfügung. Ënner Opsiicht kennen  eis Butzen och schneiden a pechen, sou entsti wonnerbar kleng Konschtwierker.

An ugeleeten Aktivitéite kréien d`Kanner d’Geleeënheet  ëmmer erëm nei Techniken auszeprobéieren.

Egal op „fräi“ oder „ugeleet“ fir eis ass de Wee wéi eppes entsteet, ëmmer méi wichteg wéi  d‘ Endprodukt. Sou kritt z.B. eng Mamm owes vun de groussen Ustrengunge vun hirem Kand erzielt, e Blat vir d’éischt ze bemolen, dono mat der Schéier kléng ze schneiden, fir zum Schluss rëm alles zesummen ze pechen. Grad well d’Mamm da „just“ e puer Schnëppelen an der Hand huet, ass et eis wichteg mat wäertschätzender Unerkennung vum Kand senger Leeschtung ze erzielen.

KACHEN AN BAKEN:

Eng  gesond, ofwiesslungsräich a kandgerecht Ernährung, läit eis um Häerz,  awer  och d‘Wënsch vu de Kanner sinn eis wichteg.

Duerfir gi reegelméisseg Kach- a Bakaktivitéiten ugebueden. Domat fërdere mir d‘Team- an d‘Kooperationsfäegkeet vun de Kanner, si léiere Liewensmëttel a Kichegeschier kennen, d‘ Kommunikatiounsfäegkeet gëtt verbessert a niewebäi ginn och nach naturwëssenschaftlech Phenomener erkläert.

MUSEK, SANGEN AN DANZEN:

 

Moies nom Kaffi gëtt eis sougenannte „ Kannerkonferenz“ ofgehalen. All Dag ginn d‘ Kanner perséinlech mat engem Lidd begréisst a kréien uschléissend eng Stempelfigur als Motivatioun fir matzemaachen op d‘ Hand. Musek, sangen an danze sinn alldeeglech   Begleeder an eise Gruppen. Eis Lidder ginn de Wënsch vun  de Kanner souwéi den Themen an de Joreszäiten ugepasst. D’Kannerkonferenze ginn dem Alter vun de Kanner ugepasst a mir hu Methoden entwéckelt déi et och eise ganz klenge Butzen erméiglechen, fir un de Konferenzen deelzehuelen an sech matzedeelen.

D'FRÄISPILL, D'ROLLESPILLER AN D'GESELLSCHAFTSSPILLER:

D'„Fräi Spill“ a Rollespiller gehéieren zu eisem Alldag a si fir d‘ Perséinlechkeetsentwécklung vun de Kanner ganz wichteg. Dofir suerge mir derfir, dass d‘ Kanner wärend hirem Openthalt bei eis genuch Zäit fir d'„Fräi Spill“ an d‘ Rollespiller hunn.

Och  Gesellschaftsspiller komme reegelméisseg zum Asaz an d’Puzzle stinn de Kanner fräi zur Verfügung. Béit ginn dem Alter vun de Kanner entspriechend ugepasst a reegelméisseg ausgetauscht.

 EIS OUTDOOR- AKTIVITÉITEN:

Nieft  Spadséiertier a Bëschaktivitéiten déi zu Fouss gemaach ginn , kënnen och kléng Ausflich mat eiser Camionnette gemaach ginn. Dobäi bleiwe mir awer bal ëmmer am Kanton Réiden. Wa mir iwwert d’Grenze vum Kanton raus fueren, kréien d’Elteren dat ëmmer extra matgedeelt. Dës Aktivitéite gi souwuel gruppeniwwergréifend an de jeeweilegen Haiser , wéi mat deenen zwee Haiser zesummen organiséiert. Raus an d’Natur oder mol aner Spillplazen entdecken ass ëmmer eng spannend Saach fir eis Butzen. Hei hannendrun stinn e puer vun dëse Platzen:

  • „Um Hounig“ bei Réiden/Attert
  • D‘ Buerg zu Useldeng mam Kraidergaart
  • Spillplazen zu  Ospern, Kietscht, Préizerdaul, Miersch,...
  • Vëlospisten am Kanton Réiden/Attert
  • Barfußwee zu Miedernach
  • Indoorspillplaz “Fuussekaul“
  • “Mierscher Park“
  • ……..

D'NATURWËSSENSCHAFT AN D'TECHNIK:

Kanner si vun Natur aus virwëtzeg, mir probéieren hinnen dofir ëmmer rëm Materialien unzebidden, déi si zum Entdecken an Erfuerschen ureegen. Dat geet vu Baumaterialien, iwwert verschidde kleng Materialie wéi Sand oder Räis am Zesummespill mat allméiglechen Dëppercher, Triichteren,….. awer och mat Waasser, Faarwen oder Bartschaum maachen d’Kanner flott Erfarungen, déi sou ganz niewebäi Ordnungsstrukturen a Gesetzméissegkeete souwéi Zesummenhäng tëschent Ursaachen a Wierkungen erklären.

Bei eise Bësch - Spadséiergäng huele mir eis genuch Zäit d‘ Natur kennenzeléieren z. B. kucke mir eis déi kleng Krabbeldéiere mat Hëllef vun eise Becherlupen un.

D' BËBEEMASSAGE AN D'ENTSPANUNG:

Fir dass de Kierper an de Geescht vun de Kanner zur Rou kommen, gi reegelméisseg Bëbees- a Kannermassagen ugebueden. Eist Personal huet déi néideg Formatiounen dofir gemaach.

TRIWWEL-KNIWWEL-MÄTSCH:

All Kanner experimentéiere gäre mat verschiddenste Materialien an ënnerschiddlechste Strukturen. Fir des Aktivitéiten bidden eis Buedzëmmere souwéi eis Außenberäicher genuch Platz. Hei gi reegelméisseg Aktivitéiten, wéi z.B. Bodypainting ugebueden. Hei kennt och  eng mat Sand, Räis, Nuddelen,...  gefëllte Bidden zum Asaz oder Raséierschaum, Waasser,……. Jee, alles mat deem een sou richteg „Dreckse“ kann.

DE SCHWAARZLIICHTTHEATER:

De Schwaarzliichttheater kann nëmmen am Multifunktionsraum zu Räichel opgefouert gi well den Opbau vum Theater vill Platz brauch. Am Schwaarzliichttheater ginn  d'Kanner verzaubert, dofir nenne mir dësen Theater och nach Zaubertheater.

Mat Hëllef vu fluoreszéirende Faarwen tauchen d‘ Kanner an déi Grouss an eng Zauberwelt an.

DEN AIRTRAMP:

Den Airtramp ass ee grousst quadratescht Loftkëssen, wat an 3 Minutte mat Hëllef vun engem elektresche Gebléis mat Loft gefëllt gëtt. D‘ Übungsfläch ass 90 cm héich, duerfir leie ronderëm Matte fir d‘Sécherheet vun de Kanner ze garantéieren. D‘Kanner vu Räichel gi reegelméisseg op Biekerech op den Airtramp, zu Ell läit en Airtramp direkt hannert der Crèche an der Sportshal.

Den Airtramp fërdert gezielt d‘ Kierpermotorik, duerch sportlech  Aktivitéiten déi op spilleresch Art duerchgefouert ginn. Eist Personal huet déi duerfir noutwendeg Formatioune gemaach.

MONTESSORI-MATERIALIEN:

Fir d‘ Feinmotorik souwéi kognitiv Fäegkeete vun de Kanner ze fërderen, bidde mir de Kanner reegelméisseg verschidde Materialien a verschidden Techniken un wéi se och an der Montessoripädagogik ugewannt ginn.  Z.B. faarweg Pomponen déi d' Kanner mat Hëllef vun enger Pince an dat richtegt Dëppche raume kennen an nach villes méi fir ze erfuerschen an ze experimentéieren.

 DE „SPORT-KREES ATERT“: 

All Mëttwochs an de Schoulzäiten, treffen sech 3 vun eise Gruppen, aus eisen zwee Haiser, an der Sportshal zu  Réiden. Ënnert der Uleedung vum Personal vum „Sport-Krees Atert“, léieren eis Butzen, déi vun hinnen opgebaute Bewegungslandschaften ze bewältegen an domat hir motoresch Fäegkeeten ze stäerken. All iwwerwonnen Hürd ënnerstëtzt hirt Selbstvertrauen. Ausserdeem ergëtt sech do d'Méiglechkeet, dass sech d'Kanner aus deenen zwee Haiser  (Ell a Räichel) kenneléieren an zesumme spille kennen.

D‘SPORTSHAL ZU ELL AN D‘ BEWEEGUNGSRAIM ZU RÄICHEL :

Zu Ell steet eis reegelméisseg d‘ Sportshal mat vill verschiddenem Material zur Verfügung, mir hunn hei flott Méiglechkeeten, d‘ Kanner an hirer kierperlecher Entwécklung ze fërderen.

Zu Räichel steet de Kanner ee Beweegungsraum sou wei en grousse Multifunktionsraum, mat verschiddenem Material, ënnert anerem enger grousser Ballkëscht zur Verfügung.

An de Vakanzen, wann net sou vill Kanner an eise Strukture sinn, hunn mir d‘ Méiglechkeet déi jeeweileg Raim géigesäiteg an Usproch zu huelen a gemeinsam Aktivitéiten ze plangen.

AUSFLICH:

Eemol am Joer, am Fréijoer, stinn zwee grouss Ausflich um Programm. Eemol an de Beetebuerger Märchepark an eemol op Réiden bei Pompjeeën. Iwwert d’Joer verdeelt ginn och nach aner méi kléng Ausflich gemaach, z.B. op e Maart oder an en Theater,….

FESTER: 

All Joer organiséiere mir ee „Fréijoers - Kaffiskränzchen“ zu Räichel an e „Chrëschtdag - Kaffiskränzchen“ zu Ell souwéi ee grousst gemeinsaamt Summerfest zu Räichel. Un de „Kaffiskränzercher“ bedeelegen sech d‘ Elteren aktiv, si kachen a bake Spezialitéiten aus hire Kulturen a stellen eis déi vir.

D‘ Gebuertsdeeg vun de Kanner ginn an der Crèche zesumme mat hire Frënn  gefeiert. D‘Kanner kënnen dofir e Kuch matbréngen.

Traditiounsfester wéi de Kleeschen, Liichtmëssdag, Fuesent, Ouschteren a Chrëschtdag ginn och thematiséiert a gefeiert.

„De BUTZ“:

„De Butz“ ass e Projet dee mir am Kader vun eiser Elterenaarbecht entwéckelt hunn. „ De Butz“ ass eng kleng Popp, déi d‘ Kanner  mat Heem huelen däerfen, do wëllt  hien einfach um  Familljeliewen deelhuelen.

„De Butz“ huet seng eege Wallis, gefëllt mat Kleeder, Spiller a Geschichten déi d‘ Kanner doheem auspaken an ausprobéiere kënnen.

D‘ Elteren dokumentéieren dann unhand vu Fotoen d‘ Erliefnisser vum „Butz“. Des Fotoen a kleng Berichter gi an der Crèche vun den Erzéierinne mat de Kanner beschwat, ausgehaangen a spéider am Kand säi  Portfolio klasséiert. Sou ka jidderee gesi wat ‘De Butz“ alles erlieft.

D‘ BUTZENUECHT:

Ee spannenden Héichpunkt vun eise méi grousse Butzen ass d‘ „Butzenuecht“. Hei schlofen d‘ Kanner déi am September an Schoul ginn, zesumme mat hiren Erzéierinnen an der Crèche. Nomëttes ënnerhuele si een Ausfluch a komme réischt zréck an d'Crèche wann déi aner Kanner all vun hiren Elteren ofgeholl gi sinn. No engem gemeinsamen Owesiesse bereede mir eis fir d'Nuecht fir. Eng spannend Gutt-Nuecht-Geschicht däerf natierlech net feelen. Moies nom Kaffi kommen d’Elteren hir Butzen da rëm sichen.

D‘ „Butzenuecht“ steet all Joers ënnert engem bestëmmten Thema.

Als klengt Undenke molen d' Kanner sech ee perséinlechen T-Shirt an hunn d‘ Méiglechkeet sech ee Fotobuch vun dësem Dag ze bestellen.