Bildungspartnerschaft (Pedagogesch Partnerschaft)

 

Eis läit eng suergfälteg Kooperatioun mat den Elteren um Häerz,  fir  dass mir zesummen zum Wuel vum Kand schaffe kënnen.
Mir wëllen eis hinnen un d'Säit stellen, fir  eis gemeinsam op d'Kand ze fokusséieren (pedagogesch Partnerschaft).

Schlësselwierder fir eng gutt pedagogesch Partnerschaft si fir eis: Vertrauen, Éierlechkeet, Toleranz, Respekt, Harmonie, Diskussioun an Ausernanersetzung. Gespréicher mat den Eltere sinn eis dofir ganz wichteg.
Reegelméisseg Gespréicher,  ginn eis d'Méiglechkeet ëmmer erëm eng nei Perspektiv op d'Kand a seng Liewenssituatioun ze kréien, wat hëlleft bestëmmte Verhalensweise besser z'erklären an anzeschätzen an opkommend Problemer schonn an engem fréie Stadium unzegoen.

Mammen déi niere kréie bei eis all Ënnerstëtzung déi se brauchen, andeems se d'Méiglechkeet hunn, selwer zu all Moment vum Dag  an d’Crèche ze komme fir hiert Kand ze nieren oder hir ofgepompelt Mammemëllech matzebréngen. Eist Personal huet eng speziell Formatioun gemaach fir d'Mammen heibäi ze ënnerstëtzen.

Déi ganz wichteg Adaptatiounsphase vun de Kanner muss onbedéngt vun engem Elterendeel begleet ginn. D'Zäit vun der Trennung gëtt individuell dem Kand ugepasst. D' Adaptatiounsphase gëtt ëmmer mat de Referenzerzéierinnen duerchgefouert. Si stinn den Elteren zu all Moment bei Froen oder Gespréichsbedarf zur Verfügung. Wann d'Kanner mierken datt se den Erzéierinne vertraue kënnen, well hir Elteren an domat hir  Haaptvertrauenspersounen hinnen och vertrauen, erliichtert dat et hinnen immens, fir sech op déi Situatioun anzeloossen. D'Zil vun enger erfollegräicher Adaptatiounsphase ass d'Akzeptanz vun der Erzéierin als eng nei Vertrauenspersoun, als Kontaktpersoun an Tréischterin. Nëmme wann d'Bezéiung mat der Erzéierin nohalteg ass an d'Kand se als eng "sécher Basis" acceptéiert, ass d' Adaptatioun ofgeschloss.

Weider wichteg  Aspekter vun der pedagogescher Partnerschaft sinn:

Den Eltere Comité:

D’ Eltere kënnen sech an engem Elterecomité engagéieren. Emol am Joer gëtt dofir eng Ëmfro gemaach. Dës Plattform erlaabt den Elteren net nëmmen un der Planung vun Aktivitéiten, Fester a Feieren deelzehuelen, mee och aktiv um Alldag deelzehuelen. Zweemol am Joer ginn d’Eltere vum Comité iwwert d’Aktivitéiten am Kader vun der Éducation Plurilingue informéiert.

Mir schaffen all Joers een Aktivitéitenkatalog aus, mat villen verschidden Offeren, un deenen all d’Elteren kënne Deel huel.

Ee weidere flotte Projet ass eisen „Butz“. De „Butz“ ass eng kleng Popp déi d’Famille kënne mat heem huelen. De „Butz“ hëlt dann einfach fir een Owend oder ee Weekend um Familljeliewen deel. Ee Projet deen immens gutt bei de Kanner an den Elteren ukënnt.