D'Berechnung vun der finanzieller Bedeelegung vun den Elteren ass un de System vum „Chèque-Servive-Accueil“  (CSA) gebonnen.

De Staat bedeelegt sech iwwer de System vum CSA un de Käschte vun der Kannerbetreiung. Jee no Akommes kënnen d’Eltere vu reduzéierten Tariffer oder gratis Betreiungsstonnen an bei eis als unerkannte Strukture profitéieren.

Fir vum CSA-System kënnen ze profitéieren, mussen d’Eltere bei hirer Gemeng eng CSA-Kaart (myCard fir Kanner) ufroen, déi op den Numm vum Kand ausgestallt gëtt. Elteren, déi net zu Lëtzebuerg wunnen, mussen sech un d’Keess fir d’Zukunft vum Kand (Caisse pour l’avenir des enfants) adresséieren.

D’myCard fir Kanner erlaabt den Zougang zum gesécherte Beräich vun der Internetsäit www.staarkkanner.lu, déi eng Rei vu Funktionalitéiten a Virdeeler ubitt:

  • Zougang zum pädagogesche Material, dat dem Alter vum Kand ugepasst ass
  • Abléck an d’Rechnunge souwéi d’Ofrechnunge vun all Mount vum CSA
  • Festleeë vun de Wochen am Kader vun der méisproocheger Erzéiung (1 bis 4 Joer)

Dës myCard gëllt fir déi ganz Grondschoulzäit. Den CSA-Bäitrëttskontrakt gëtt zwar all Joer erneiert, ma et gëtt keng nei Kaart.

Wann d’myCard verluer geet, mussen d’Elteren op d’Gemeng resp. d’Keess fir d’Zukunft vum Kand (Caisse pour l’avenir des enfants) goen an do eng nei Kaart ufroen.

Demande fir de Bäitrëtt zum CSA-System

 

Staatlech Bedeelegung a Bedeelegung vun den Elteren

Fir déi Famillen ze ënnerstëtzen, déi Hëllef am néidegste brauchen, gëtt bei der Berechnung vum CSA der familiärer Situatioun Rechnung gedroen.

Fir d’Berechnung vun der staatlecher Ënnerstëtzung (d. h. vum CSA) an deem Deel, deen d’Eltere leeschte mussen, ginn déi heite Kriterien erugezunn:

  • d’Akommes vum Stot, an deem d’Kand lieft (bestuete Koppelen, gepacste Partner oder agedroe Liewensgemeinschafte gi bei der Berechnung d’selwecht behandelt),
  • d’Zuel vun de Kanner, fir déi et Kannergeld gëtt, an de Rang vum Kand an der Folleg vun de Geschwëster,
  • d’Aart vun der Betreiungsstruktur (kollektiv Betreiungsstruktur oder Dageselteren),
  • d’Zuel vun de Stonnen, déi d’Kand an enger Betreiungsstruktur verbréngt,
  • besonnesch Virdeeler jee no Alter vum Kand (20 gratis Betreiungsstonne fir Kanner vun 1 bis 4 Joer an enger kollektiver Betreiungsstruktur).

D’finanziell Bedeelegung vum Staat ass op 60 Stonnen d’Woch begrenzt an de Staat bedeelegt sech u 5 Haaptmoolzechten d’Woch, an zwar mat 4,50 Euro pro Moolzecht.

De finanziellen Deel, deen d’Elteren droe mussen, gëtt op Basis vum Akommes berechent, dat muss versteiert ginn. Wat d’Eltere soss un Hëllef kréien (Allocations familiales, Allocation de rentrée scolaire, Allocations de naissance, finanziell Ënnerstëtzunge vun de Sozialbüroen oder privaten Hëllefswierker) gëtt net mat agerechent.

D’Eltere kréien all Mount eng Rechnung iwwer déi Betreiungsleeschtungen, déi si an Usproch geholl hunn. D’Ofrechnung kann ee sech am gesécherte Beräich vu www.staarkkanner.lu ukucken (Beräich Chèque-service, kuckt uewe riets).

Berechnung vun der finanzieller Bedeelegung vun den Elteren

 

Kanner vun 1 bis 4 Joer: 20 gratis Betreiungsstonnen – déi nämmlecht Chancë fir jiddereen

Als SEA Plurilingue hunn d’Kanner bei eis  Zougang zum méisproochegen Erzéiungsprogramm, d.h. si hunn Usproch op 20 gratis Betreiungsstonne wärend 46 Wochen am Kalennerjoer.

All d’Kanner vun 1 bis 4 Joer, déi nach net an d’Schoul ginn, kënne vun dëser gratis Offer profitéieren, onofhängeg vum Akommes vun hiren Elteren.