Geschicht

 

D' Entstéiung vun „A Butzen Räichel“ geet op d’Joer 1992 zeréck. D’Zil war vun Ufank un, den Awunner vun den 10 Gemengen aus dem Réidener Kanton, eng Dagesbetreiungsstruktur fir kleng Kanner am Alter tëschent 2 Méint a 4 Joer unzebidden. Nodeems de Standuert Räichel feststoung, ass d’Gebai geplangt a realiséiert ginn.

Den Numm „A Butzen“ ass an engem vu de Gemengen organiséierte Concours ermëttelt ginn. Den 1. November 1993 war et esou wäit:  dunn huet „A Butzen Räichel“, déi éischt interkommunal Crèche aus dem Land, hir Dieren op gemaach. 2016-2017 ass d’Gebai opwendeg renovéiert ginn, an ënner anerem mat neie Spillpodester ageriicht ginn. Proprietär vum Gebai ass de Syndicat intercommunal " De Réidener Kanton".

Exploitéiert gouf d’Crèche 1993 vun der „ A Butzen ASBL“.  2014 ass aus organisatoresche Grënn  d' „Kanner- a Jugendbetreiung Atert ASBL“ gegrënnt ginn, si huet net nëmmen „ A Butzen Räichel an Ell“, mee och de „Sportkrees Atert“ geréiert. Säit dem 1. Abrëll 2023 ass den " Syndicat Intercommunal De Réidener Kanton", de Gestionnaire vun den A Butzen Strukturen.

A Butzen Ell huet de 15. September 2015 seng Dieren opgemaach. Dat als Crèche ëmgebauten Eefamilljenhaus ass an der Proprietéit vun der Gemeng Ell.

Déi zwou Strukturen si mam „Ministère de l'Education nationale, de l'Enfance et de la Jeunesse“ conventionnéiert.