Inclusioun = Verschiddenheet

 

D‘Inclusioun gehéiert zu A Butzen, wéi A Butzen zur Inclusioun!

All Kand bréngt seng eege Méiglechkeeten a Fäegkeeten a seng Perséinlechkeet mat an d’Crèche. Dëst gëllt och fir Kanner mat besonnesche Bedierfnesser, ob déi lo kierperlecher, geeschteger oder sozialer Natur sinn. Duerfir ass Inclusioun nach ëmmer e wichtegen Deel vun eiser pedagogescher Aarbecht gewiescht.

All Mënschen si gläichgestallt, trotz individueller Verschiddenheet, Hierkonft, Hautfaarf, Bedierfnesser, Talenter, ... Jiddereen huet déi selwecht Grondrechter, déi duerch d’Gesetz geschützt sinn. Den Inclusiounsgedanken heescht och, dat d’Kanner dëst Recht kennen a schätze léieren, dat si versti wéi wichteg demokratesch Fräiheet, Solidaritéit an Zesummenhalt fir eis alleguerte sinn.

An eise Betreiungsstrukture soll:

  • JIDDEREEN sech ewéi doheem fillen.
  • JIDDEREEN a senger Verschiddenheet a Perséinlechkeet akzeptéiert ginn.
  • JIDDEREEN vum Anere léieren; et soll sech géigesäiteg beräichert ginn.
  • JIDDEREEN um Ganzen deel huelen a gläichzäiteg e wichtegen Deel dovunner sinn.

D’Verschiddenheet an d’Heterogenitéit an eise Betreiungsstrukture bedeit dat déi vill ënnerschiddlech an eenzegaarteg Memberen all zesummen eng Grupp erginn. „JIDDEREEN“ ass ewéi e Puzzelstéck an duerfir däerf och keent verluer goen. Kanner sinn all individuell an hirer Entwécklungsgeschicht mee  „JIDDEREEN“ muss ugeholl a respektéiert ginn.

Inclusioun kënnt keng Grenzen, well dat wier ewéi wann ee géif soen, Mënscherechter hu Grenzen. Déi inklusiv Bildung ass verankert am Artikel 24 vun der UN Mënschrechtskonventioun fir Leit mat Behënnerungen. Dëst ass e flächendeckenden a mënscherechtleche Standard fir „JIDDEREEN“! Wann et Grenze ginn, dann am System selwer. Et sinn an deem Fall sozial konstruéiert Grenzen, déi verännert kënne ginn. Dobäi sinn d’Virurteeler vum Mënsch dee gréisste Problem.

Eist pedagogescht Konzept, dat mir Dag fir Dag liewen, erméiglecht eise Kanner déi selwecht Wäertschätzung an Ënnerstëtzung an hire Fäegkeeten an och an hirer perséinlecher Entwécklung.