Sproochen a Méisproocheg Erzéiung:

 

 

Bei A Butzen” ass d’ Integratiounssprooch  d’Lëtzebuerger Sprooch. Eis Mataarbechter schwätzen dofir och all Lëtzebuergesch.

Mir sinn eis awer och bewosst wéi wichteg eis landestypesch Bildungssprooche fir eis Butze sinn.  Mat eisem Méisproochege Programm leeschte mir eise Bäitrag zur Chancëgläichheet vun all Kand am lëtzebuergesche Bildungssystem. Eis Erzéierinnen féieren d’Kanner am Alldag op spilleresch Aart a Weis unhand vu Lidder, Geschichten, Handpoppen, ……  un déi verschidde Sproochen erun. Eis Offere ginn op Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch, Englesch (zu Ell) a Portugisesch (zu Räichel) gemaach. Dobäi steet déi lëtzebuergesch a franséisch Sprooch besonnesch am Fokus. All Kanner profitéieren heivunner, onofhängeg vun hirer Mammesprooch.

Mir droen  deene villen, verschiddene Mammesproochen awer och Rechnung, déi eis Butze mat an d’Crèche bréngen z.B. kritt an eisen Entréeë jiddereen a senger Mammesprooch „ Moien” gesot, wann en era kënnt, an “Äddi” wann e erëm raus geet. An d’Kanner ginn encouragéiert sech an hirer Mammesprooch auszedrécken. Bei Sproochen déi mir net beherrschen, froen mir d’Elteren eis de wichtegste Vokabulär opzeschreiwen, sou kënne mir och d’Entwécklung vun de Sproochkompetenze vun deene Kanner, professionnell begleeden. D’Valoriséierung vun der Sprooch déi doheem geschwat gëtt, spillt eng zentral Roll an der sozio-emotionaler Entwécklung vum Kand. Och d’Eltere spillen heibäi eng wichteg Roll, si ginn zur aktiver Mataarbecht ugereegt (Doriwwer méi am Kapitel „ Pedagogesch Partnerschaft “).

De nationale Referenzkader, deen de 24. Abrëll 2016 am Jugendgesetz verankert ginn ass, gëtt fir d’Entwécklung vun de Sproochkompetenzen d’Richtlinne fir.  Ziel ass „eng fréi Familiariséierung vun de Kanner mat der Lëtzebuerger an der franséischer Sprooch op Basis vun enger individualiséierter Approche ze erreechen, déi kommunikativ Kompetenze vun de klenge Kanner ze entwéckelen a si bei hirer Integratioun op lokalem Niveau an déi méisproocheg a multikulturell Gesellschaft vum Land ze ënnerstëtzen“[1].

Eis Raim sinn esou ageriicht dass se Kommunikatioun an Interaktioun zouloossen. Sou gëtt et nieft Material fir Rollespill och Verkleedsmaterialien, Gesellschaftsspiller, Bicher,….. Bei geziilte sproochlechen Aktivitéiten, wéi Geschichten erzielen, Lidder sangen,…., ginn d’Methoden un den Alter vum Kand ugepasst.

Wichtegen Deel vun eiser méisproocheger Erzéiung sinn eis Handpoppen. Si tauchen an all méiglechen  Alldagssituatiounen op. Sie schwätze mat de Kanner, gräifen Themen op déi d‘Kanner aktuell beschäftegen, erziele Geschichten, sange  Lidder mat de Kanner oder danze mat hinnen, si ginn awer och mat op Ausflich, op den Airtramp oder an de Bësch spadséieren,…..

 Si schwätzen all verschidde Sproochen a sinn och soss ganz ënnerschiddlech an hirem Ausgesinn an an hirem Charakter.

D' „Marie de Paris“ schwätzt zum Beispill Franséisch an hat ass e ganzt virwëtzegt Meedchen. D' „Lucy de Nancy“ schwätzt och Franséisch, hat taascht sech awer ëmmer ganz virsiichteg un seng  Spillkomeroden erun, an ass ganz douce a  sensibel. D’ "Finnchen" an d´"Trinnchen" sinn zwee kleng Schlécken,  si hunn eng ganz besonnesch Roll. Als Schlécke sinn si net déi séierst, mee si sinn ëmmer roueg a ganz entspaant ënnerwee. Si kommen aus hirem Schleekenhaus eraus wann d'Kanner ganz wëll an haart sinn oder wann e Kand e ganz besonneschen "Frënd" brauch, well et dem Kand aus iergendenger Ursaach net sou gutt geet. Donieft hu mir nach Handpoppen déi Lëtzebuergesch, Englesch oder Portugisesch schätzen.

Als „SEA plurilingue” profitéieren d’Kanner bei „A Butzen” am Alter tëschent 1-4 Joer vun 20 gratis Betreiungsstonne wärend 46 Wochen am Joer.

 

[1] Broschür „ Méisproochegkeet fërderen“

Cartoon by Alexandra Junge