Mir betreien är Kanner am Alter tëschent 2 Méint a 4 Joer a moderne Gebaier, déi vu Natur ëmgi sinn an  op d‘ Bedierfnisser vun de Kanner ageriicht sinn. Mir bidden eng qualitativ héichwäerteg Betreiung un, gebonnen un e pedagogescht Konzept, dat sech op d’Wuel vum Kand an enger individueller Entwécklung vu senge Fäegkeeten a Richtung Autonomie konzentréiert.

 

 

 

 

Eis Leetsätz:

 

,,Hëllef mir et selwer ze maachen“

Dëse Leetsatz vum Maria Montessori begleet eis säit jeehier an eiser Aarbecht. Kanner wëlle léieren! All Erfarung déi d’Kanner maachen, muss aus eegenen Erliefnisser kommen, fir d’éischt gräifen, da begräifen, d’éischt faassen, dann erfaassen ( Fröbel).

,,D' Kanner solle net maachen wat si wëllen, mee wëllen wat si maachen!“.

D'Participatioun ass ganz wichteg! Mir gesinn d’Kanner als Experten vun hirem eegenen Liewen an als gläichwäerteg a eegestänneg Partner.

 

 

 

 

D‘Grondprinzippien vun eiser Aarbecht:

 

      • Kéng klassesch Gruppenandeelungen, mee et gëtt no engem oppene pedagogesche Konzept geschafft. Mir deelen d‘Kanner no hire Bedierfnisser, Frëndschaften an Interessien an.
      • Wäertschätzung vun der Individualitéit vun all eenzelnem Kand. Mir huelen d' Kand do of, wou et a senger Entwécklung steet.
      • Opbau vun enger vertrauensvoller Bezéiung zu de Kanner an den Elteren.
      • Entscheedungsfräiheet: Mir bidden de Kanner Spill- an Zäitraim fir ongestéiert Spill, well d' Spill ass hier Aart vun der Weltuneegnung an der Liewensgestaltung.
      • Inklusion vu Kanner mat besonnesche Bedierfnisser, egal ob geeschteger, kierperlecher oder sozialer Natur.
      • D' Motivatioun ass een Haaptgrondsatz vun eiser deeglecher Aarbecht. Mir sinn ëmmer beméit d' Kanner zum „Selwer-maachen“ ze motivéieren.
      • Mir propagéiere d' Selbstvertrauen a den Opbau vun engem gesonde Selbstbild.
      • D' Entwécklung vum Kand: D' Kanner kréie bei eis d' Chance villfälteg Erfarungen ze sammelen, an hir Kompetenzen a verschiddene Bildungsberäicher ze erweideren.
      • Fërderung vun de motoresche Fäegkeete vun de Kanner duerch d' Spill selwer, an der Crèche  an dobaussen am Fräien.
      • Fërderung vun der Sprooch.
      • Lues Agewinnung vun de Kanner un déi nei Bezuchspersounen, dat neit Ëmfeld an déi nei Situatiounen an der Crèche, mat vill Empathie an Zäit.

 

 

Eis zwee Standuerter sinn zu Räichel an zu Ell

 

 

Foyer de Jour A Butzen Reichlange

1A, rue MGR Jean Bernard

L-8558  Reichlange

Foyer de Jour A Butzen Ell

2, op der Tonn

L-8531 Ell